Dir wëllt eis ënnerstëtzen, mir brauchen är Hëllef

Dir wëllt eis ënnerstëtzen, mir huelen är Hëllef gären un.

Wéi dir wësst si mir am gaang Ënnerschrëften ze sammelen, genee hei kënnt dir eis hëllefen.

Dir kënnt iech eise Bréif rausdrécken, dee mir fir eis Ënnerschrëftesammlung gebrauchen. Donieft muss dir iech dann déi dozou gehéierend Ënnerschrëfte Lëschte rausdrécken.

Wann dir Leit kennt, déi sech net kënnen deplacéieren an se mam Bréif averstan sinn, loosst se ënnerschreiwen egal op Papp, Mamm, Mann, Fra, Kanner, Bopi, Bomi, Cousin, Cousine, Noper, Nopesch, ….

Ween däerf ënnerschreiwen?
Et gi bal keng Limite, jiddereen aus engem Haushalt dee groussjäreg ass däerf ënnerschreiwen. D’Persoun déi ënnerschreift muss och net an der Gemeng Hiefenech wunnen.

Wéi fëllen ech déi Lëscht aus?
Ganz einfach Familljennumm, Virnumm, Uertschaft, Datum vum Dag, Lu et approuvé an Ënnerschrëft ausfëllen

Dir kennt dann déi ausgefëllten Ënnerschrëfte Lëschten   an eng vun eise Bréifboîte bis den 08.07.2024 ageheien.

  • Famill Banzer, 5 Härepesch, Hiefenech
  • Arlette Schantzen, 78 op der Strooss, Hiefenech
  • Joé Faber, 9 um Knäppchen, Hiefenech

Posted

in

by

Tags: