Bierger Versammlung den 14.06.2024 am Veräinsbau zu Hiefenech

D’Duerfbild vun Hiefenech wäert sech bannent kuerzem drastesch veränneren! 

Et ass virgesinn op 2 Plazen, a ganze Wisen, Photovoltaikpannoen z’installéieren. Emol Richtung “klenge Pelzert”, an emol Richtung “Scheilemd” (de leschte Feldwee Ausgangs vum Duerf Richtung Christnach). Op dëse 6 Hektar komme ganz geschwë Pannoen, déi vum ganzen Duerf aus ze gesi sinn. D’Duerfbewunner goufen net ëm hir Meenung dozou gefrot! Och eis Gemengeverantwortlech goufe vun de Responsabel vum Projet viru vollend Tatsaache gestallt.

Den eenzegen den e Virdeel heivu wäert hunn ass de Bedreiwer.

Den Impakt op Fauna a Flora ass op dëser Plaz NET genuch am Viraus analyséiert ginn, eng Partie Prozedure goufen einfach iwwersprong an anerer net am Detail duerchgefouert. Dobäi kënnt, dass d’Prozedur, wéi dëse Projet op d’Bee gesat gouf, eiser Meenung no net „Gring“ ass.

Photovoltaikanlage jo, awer net op Käschte vun der Natur an der Verschandlung vum Duerf, zum Profit vun e puer Acteuren. Et geet och anescht, wéi d’Beispill vun der EnerCoop, eng Energiegenossenschaft aus dem Uelzechtdall, virweise kann. Hiere Projet ass zum Virdeel fir jiddereen an och am Sënn vun der Nohaltegkeet, andeems si bestoend versigelt Flächen notzen.

Mir biede jidder Awunner: kommt op eis Versammlung, informéiert Iech a loosst eis zesummen eng Diskussiounsronn doriwwer féieren. Nëmme wa mer näischt maachen, loosse mer dëse Projet ouni Widderstand duerch – e Projet dee laang wäert bestoe bleiwen.

Mir brauchen Iech, fir gemeinsam staark ze sinn!

Eng Initiativ vu Bierger aus eiser Gemeng
Guy, Jang, Joe, Arlette, Tom, Tom, Yasmine Wie komme wëll a verhënnert ass, kann eis kontaktéiere fir weider Informatiounen ze kréien:
hiefenech@awunner.lu


Posted

in

by

Tags: