
De 14.06 war en Infoowend, wou eng Biergerinitiativ dëse Projet an och d’Auswierkungen op eist Duerfbild esou wéi d’Problemer dovu presentéiert huet.
Gäre kënnt Dir Iech déi Präsentatioun hei ukucken.
Link zur Präsentatioun
Mir konnten enger grousser Partie Matbierger vill Informatioune ginn, Froe beäntwerten an Ongereimtheeten an Dossier vum Bedreiwer opweisen, a waaren eis um Enn all eeneg, dass mir am mannsten dermat averstane sinn, wéi no di Pannoen un Haiser an an eist Duerf installéiert ginn. Desweidere ginn et onvollstänneg Etuden, kuerzsiichteg Avisen a villes méi, wat eng ganz Partie u méigleche Problemer kéint mat sech bréngen – déi awer schwéier ze behiewen si wann d’Pannoe bis stinn.
Den Impakt op Fauna a Flora ass e ganz wichtegen Aspekt, de bei dem Projet leider staark vernoléissegt gëtt.
D’Gemengeninstanz huet en “Avis au public ” op béide Plazen affichéiert, op deenen vermierkt ass, dass en de kompletten Dossier, den der Gemengeverwaltung vum Bedreiwer agereecht gouf, ka consultéitert ginn. An zwar bis spéitestens den 12.07 op RDV – an dass e bis spéitestens den 12.07 Remarquen an Objektioune kann un eis Gemeng schécken. Dat muss ënnert der Form vun engem ageschriwwene Bréif geschéien an esou ee Bréif hu mir opgesat. Mir hunn eng ganz Partie Problemer opgedeckt a grëndlech Recherchéiert, an dem Bréif weise mir mat fundéierten Argumenter dorop hin.
Mir biede jidder Awunner, sech de Bréif duerchliesen, a wann e genee wéi mir net dermat averstanen ass, dass dëse Projet op déi ausgewielte Plaze stoe kënnt, z’ënnerschreiwen.
Duerch di gesammelt Ënnerschrëfte kënne mir eis Gehéier verschafen a staarke Géigewand bidden.
Eise Motto bleift: gréng Energie, jo ganz gären, awer net esou!
Wat kënnt Dir elo maachen?
1. Optioun
Dëse Link opruffen fir eise Bréif ze liesen:
Link zum Bréif
De Bréif selwer ausdrécken an ënnerschreiwen (Numm, Virnumm, Datum/Uertschaft, Ënnerschrëft)
De Bréif virum 08.07 spéitstens ageheien an eng vun eise Bréifboîtten:
- Famill Banzer, 5 Härepesch, Hiefenech
- Arlette Schantzen, 78 op der Strooss, Hiefenech
- Joé Faber, 9 um Knäppchen, Hiefenech
Mir sammelen d’Bréiwer a schécken se zesummen als ageschriwwene Bréif, wéi d’Prozedur et verlaangt, virum 11.07 un d’Gemeng.
2. Optioun
Dir kënnt een Exemplar vum Bréif siche kommen, a kënnt en och op der Plaz ënnerschreiwen.
Wéini wou:
- Méindes 01.07.2024 zwëscht 18 an 20 Auer am klenge Sall an der Sportshal zu Hiefenech
- Dënschdes 02.07.2024 zwëscht 18 an 20 Auer am Sall am Wäschbuer zu Reiland
- Mëttwochs 03.07.2024 zwëscht 18 an 20 Auer am klenge Sall an der Sportshal zu Hiefenech
- Donneschdes 04.07.2024 zwëscht 18 an 20 Auer am klenge Sall an der Sportshal zu Hiefenech
- Freides 05.07.2024 zwëscht 18 an 20 Auer am Sall am Wäschbuer zu Reiland
Mir soen Iech Merci!
